"No Art On Air"

De labberen Talk iwwer kulturell Themen. All Donneschden e spannenden Invité, flott Chroniken, en aktuelle Coup de coeur oder e kulturpolitesche Sujet.


No ART on AIR am REPLAYDe Moler Roland Schauls

"No ART on AIR" - ëmmer donneschdes no 20 Auer e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat intressanten Invitéën.

„No Art On Air“ (08.11.2018)
De labberen Talk iwwer kulturell Themen. All Donneschden e spannenden Invité, flott Chroniken, en aktuelle Coup de coeur oder e kulturpolitesche Sujet.

De Moler Roland Schauls war Invité an der Emissioun "No ART on AIR". De Kënschtler ass zënter kuerzem an der Pensioun, absolut kee Grond fir hien, fir mat der Molerei méi lues ze trieden. Hien huet eppes iwwert seng aktuell Expo an der Galerie Clairefontaine gezielt, an hie sot wat him haut bei ville jonke Kënschtler feelt.

D'Danièle Michels war bis op Bilbao an de Guggenheim Musée, do leeft den Ament eng grouss Retrospektive vum Alberto Giacometti.

D'Patricia Baum hat sech dem Museker an Dänzer Edsun säin Album ugelauschtert an huet eppes iwwert säin expressiven Univers gezielt.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad elo ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.