"No Art On Air"

De labberen Talk iwwer kulturell Themen. All Donneschden e spannenden Invité, flott Chroniken, en aktuelle Coup de coeur oder e kulturpolitesche Sujet.


No ART on AIR am REPLAYDe Museker Guy Frisch

"No ART on AIR" - ëmmer donneschdes no 20 Auer e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat intressanten Invitéën.

„No Art On Air“ (10.01.2019)
De labberen Talk iwwer kulturell Themen. All Donneschden e spannenden Invité, flott Chroniken, en aktuelle Coup de coeur oder e kulturpolitesche Sujet.
De Museker a Perkussionist Guy Frisch ass Proff am Conservatoire an Direkter vum Ensemble United Instruments of Lucilin, deen och international eng Referenz an der zäitgenëssescher Musek ass. Beim Loïc Tanson schwätzt hien iwwer dëse besonnesch Genre Musek, iwwer déi weider Projeten an iwwer d'Zesummenaarbecht mam Komponist an Oscar-Gewënner Alexandre Desplat.

Ausserdeem stellt de Gibbes Bertolo dräi international Musek-Albe vir an d'Christiane Kremer hëlt eis mat an den TNL fir d'Produktioun "Europe - my heart will be broken and eaten".


De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad elo ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.