"No Art On Air"

De labberen Talk iwwer kulturell Themen. All Donneschden e spannenden Invité, flott Chroniken, en aktuelle Coup de coeur oder e kulturpolitesche Sujet.


No ART on AIR am REPLAYDen Nico Simon

"No ART on AIR" - ëmmer donneschdes no 20 Auer e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat intressanten Invitéën.

„No Art On Air“ (24.01.2019)
De labberen Talk iwwer kulturell Themen. All Donneschden e spannenden Invité, flott Chroniken, en aktuelle Coup de coeur oder e kulturpolitesche Sujet.

Vu Jonkem u war den Nico Simon begeeschtert vum Kino. Hien huet sech awer dofir entscheet, Filmer ze weisen an net selwer hannert der Kamera ze stoen.

Hie war Joerzéngte laang de Kapp an d'Séil vum Utopia Grupp, deen eng Rei Kinoen uechtert d'Land bedriwwen huet. Mam Nico Simon hu mer gekuckt, ob de Kino als Institutioun nach eng Zukunft huet oder ob de groussen Ecran um Ausstierwen ass.

Ausserdeem huet d'Danièle Michels iwwer d'Serien "The Kominsky Method" an "Il Miracolo" geschwat an d'Christiane Kremer huet dem Nicolas Mathieu säi Buch "Leurs enfants après eux" virgestallt, dat de Prix Goncourt kritt huet.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad elo ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.