Pisa de Wëssensmagazin

Dëse Sonndeg am PISA vun 18.30 Auer un:

18h30 Mir si wat mer héieren!

Wéi mir eis Oueren verwinnen an hinne schuede kënnen
Egal op ënnerwee am Auto. Nomëttes relax am Gaart. Oder Owes virun der Tëlee! Et ass ee bal néierens roueg. Am nächste Pisa weise mir firwat een iwwerhaapt eppes héiert a wéini zevill Kaméidi eisen Ouer schuede kann. De Mister Science wëll erausfannen op een e Glas ka futti sangen. Am Toun-Atelier vum Stater Theater maache mer puer Schall-Experimenter! A mir kréien en exklusive Bléck hannert d’Kulissen vun der Philharmonie.

19h00 Faszinatioun Physik!

Komplizéiert Saachen einfach a witzeg erkläert
Et ass e risege Labo. Eng Plaz wou een d’Wëssenschaft upake kann. Am neie Science Center zu Déifferdeng weie mer puer Experimenter. En Zuch deen iwwer d’Schinne schwieft. Eng iwwerraschend optesch Illusioun. An de faradaysche Käfeg, an deem ee viru Blëtzer sécher ass. Da léiere puer Leit kennen déi vum Blëtz getraff goufen. An de Mister Science wëll mat engem Looping am Fliger beweisen datt d’Waasser am Glas bleift, och wann ee sech domat op d’Kopp dréint.



PISA - TYPESCH MANN, TYPESCH FRA!

02.04.2017 / 00:27:41

Wéi verschidden déi zwee Geschlechter wierklech sinn!

Männer si grouss. Fraen méi kleng. Männer si staark. Fraen manner. Mir maache kee Geschlechterkampf. Mir vergläiche just. Kënne Männer wierklech besser a parken? A Fraen méi Peng aushalen? De Mister Science wëll erausfannen ween deen aneren bei Diskussiounen am heefegsten ënnerbrécht. A mir froen no firwat ee seng Kanner net soll nom Motto typesch Jong oder typesch Meedchen erzéien.