Pisa de Wëssensmagazin

De 26. November am PISA vun 18.30 Auer un:

Um 19 Auer: CHANTIER 3.0

Wéi déi digital Revolutioun och d’Aart a Weis wéi mir bauen verännere wäert
Et ass am Juli. Matten an der Nuecht. Op der Rouder Bréck. Zwee Mataarbechter vun engem Ingenieur s-Büro kontrolléieren op d’Attachen wou d’Tam-Schinnen drop kommen, riicht fest geschrauft goufen. Si maachen dat op de Milimeter genee. Mat engem Laser Scanner. Am Pisa “Chantier 3.0.” weise mer wéi dat funktionéiert a wéi ee mat sou engem Scanner an Null Komma Nix ganz Gebaier vu bannen a baussen opmoosse kann. Mat enger Drone kann een och ganz Lotissementer einfach vermoossen. Mir erklären wat un dëser Technik speziell ass. Gesinn wéi Bauaarbechter op engem virtuelle Chantier op potentiell Geforen opmierksam gemaach ginn a froen no wéi realistesch et ass, datt eis Haiser an Zukunft aus engem 3D Printer kommen.

A virdrun um 18:30 de Pisa Classic “Pimp my Food”. Iwwer Zousazstoffer an eise Liewensmëttel.

PISA – FASZINATIOUN PHYSIK

30.04.2017 / 00:27:44

Komplizéiert Saachen einfach a witzeg erkläert.

Et ass e risege Labo. Eng Plaz wou een d’Wëssenschaft upake kann. Am neie Science Center zu Déifferdeng weise mer puer Experimenter. En Zuch deen iwwer d’Schinne schwieft. Eng iwwerraschend optesch Illusioun. An de faradaysche Käfeg, an deem ee viru Blëtzer sécher ass. Da léiere puer Leit kennen déi vum Blëtz getraff goufen a bis haut net wëssen firwat se iwwerlieft hunn. An de Mister Science wëll mat engem Looping am Fliger beweisen datt d’Waasser am Glas bleift, och wann ee sech domat op d’Kopp dréint.