Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.



PISA- De Wëssensmagazin am VIDEOKläranlag Mënsch an 200 Joer Vëlo

Jidderee huet eng, mä kee schwätzt immens gär driwwer: d’Verdauung.

© Olivier Catani / RTL Télé Lëtzebuerg

Kläranlag Mënsch

Am Pisa weise mir wat an eisem Kierper geschitt, tëscht Entrée a Sortie. Erklären firwat ee vu Bounen méi pupe muss a wéi een am Beschte vun enger Sténkewollek fortlafe kann. Mir kucken och wou an enger Schoul déi meeschte Bakterie laueren an op een den Toilettendeckel wierklech ofdecke muss, wann ee sech näischt afänke wëll. Fuerscher experimentéieren mat engem kënschtlechen Daarm fir erauszefannen wéi Krankheeten an eisem Daarm kënnen entstoen. An de Mister Science wëll seng Exkrementer zu Gold maachen.

PISA – KLÄRANLAG MËNSCH (03.07.2016)
Jidderee huet eng, mee kee schwätzt immens gär driwwer: d’Verdauung.

Am Pisa weise mir wat an eisem Kierper geschitt, tëscht Entrée a Sortie. Erklären firwat ee vu Bounen méi pupe muss a wéi een am beschten vun enger Sténk-Wollek fortlafe kann. Mir kucken och wou an enger Schoul déi meeschte Bakterien laueren an op een den Toilettendeckel wierklech ofdecke muss, wann ee sech näischt afänke wëll. Fuerscher experimentéieren mat engem kënschtlechen Daarm fir erauszefannen wéi Krankheeten an eisem Daarm kënnen entstoen. An de Mister Science wëll d’Exkrementer zu Gold maachen.



200 Joer Vëlo

Geschicht, Mechanik an d'Grenzerfahrung Tour de France.

Den Tour de France ass eent vun de gréisste Sportsevenementer op der Welt. Dëst Joer kënnt den Tour och erëm op Lëtzebuerg. Am Pisa kucke mir hannert déi sportlech Kulissen. Vergläichen d'Leeschtung vum Profi mam Amateur. Kucke wéi vill a wat d'Cyclisten op sou ustrengenden Deeg iesse mussen a wéi d'Technik vun de Vëloen sech iwwer d'Jorzéngte verbessert huet. Am Musée du Cycle zu Weyler bei Arel reese mer duerch déi 200 Joer al Geschicht vum Vëlo. Fuere mat engem original Vëlo aus dem Tour de Fance vun 1937. An de Mister Science pedalléiert am Héichseelgaart iwwert e stole Seel.

PISA – 200 JOER VËLO (02.07.2017)
Geschicht, Mechanik an d’Grenzerfahrung Tour de France.

Den Tour de France ass eent vun de gréisste Sportsevenementer op der Welt. Dëst Joer kënnt den Tour och erëm op Lëtzebuerg. Am Pisa kucken mir hannert déi sportlech Kulissen. Vergläichen d’Leeschtung vum Profi mam Amateur. Kucken wéi vill a wat d’Cyclisten op sou ustrengenden Deeg iesse mussen. A wéi d’Technik vun de Vëloen sech iwwer d’Jorzéngten verbessert huet. Am Musée du Cycle zu Weyler bei Arel reese mer duerch déi 200 Joer al Geschicht vum Vëlo. Fuere mat engem original Tour de France Vëlo vun 1937. An de Mister Science pedalléiert am Héichseelgaart iwwert e stole Seel.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.