Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.



PISA- De Wëssensmagazin Trickkëscht Liewensmëttelindustrie a Chantier 3.0

An dëser Editioun vum Pisa geet et ëm Zousazstoffer a Liewensmëttel a wéi déi digital Revolutioun och d'Aart a Weis wéi mir baue wäert veränneren.

Pimp my Food


Zousazstoffer an de Liewensmëttel

Eisepolver an de Cornflakes. Kënschtlech Pigmenter am Saumon. Additiven am Brout. An Zousazstoffer a Fäerdeg-Produiten. Op villen Iesswuere steet eng laang Lëscht mat Ingrédienten. Am Pisa weise mer firwat verschidden Additive benotzt ginn. Froen de Bäcker wat wierklech alles am Brout ass. De Mister Science wëll e falsche Steak als richtege verkafen an de bekannte Liewensmëttel-Chemiker Hervé This demonstréiert eis seng "cuisine note à note".



Chantier 3.0


Wéi déi digital Revolutioun och d’Aart a Weis wéi mir baue verännere wäert

Et ass am Juli. Matten an der Nuecht. Op der Rouder Bréck. Zwee Mataarbechter vun engem Ingenieur-Büro kontrolléieren op d’Attachen, wou d’Tram-Schinnen drop kommen, riicht fest geschrauft goufen. Si maachen dat op de Milimeter genee. Mat engem Laser-Scanner. Am Pisa "Chantier 3.0" weise mer wéi dat funktionéiert a wéi ee mat sou engem Scanner an Null Komma Nix ganz Gebaier vu bannen a baussen opmoosse kann. Mat enger Drone kann een och ganz Lotissementer einfach vermoossen. Mir erklären wat un dëser Technik speziell ass. Gesi wéi Bauaarbechter op engem virtuelle Chantier op potentiell Geforen opmierksam gemaach ginn a froen no wéi realistesch et ass, datt eis Haiser an Zukunft aus engem 3D-Printer kommen.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.