Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.



PISA- De Wëssensmagazin Am Replay: Blot Gold – Ouni Waasser kee Liewen

Wou kënnt eist Krunnewaasser hir, wéi gëtt et behandelt a wéi kann ee säi Goût veränneren?

Mir klammen an ee vun de gréissten Drénkwaasser-Bassengen zu Lëtzebuerg. A weisen wéi a firwat se dee regelméisseg musse botzen. Kucke wéi opwenneg et ass wann een eng Quell unzape wëll. Testen op Krunnewaasser iwwerall selwecht schmaacht. Weise puer Tricker wéi ee säi Goût verbessere kann. An de Mister Science demonstréiert wat den Drock vum Waasser alles bewierke kann.

Fotogallerie


Et gëtt esou lues enk!
Wou brauche mer iwwerall Waasser brauchen a firwat sinn d’Reserven sou eidel wéi scho laang net méi?


Streng kontrolléiert!
Wou kënnt eis Krunnewaasser hir a wéi streng gëtt et kontrolléiert?


Batteren Nogeschmaach?!

Wat ee maache kann wann engem d’Waasser um Krunn net 100% schmaacht!


Explosioun um Belval!
Oder awer just eng Waasserboom? De Mister Science mat engem spektakuläre Waasserdrock-Experiment.