Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.



PISA- De Wëssensmagazin Am Replay: Déck Loft!?

D’Loftqualitéit zu Lëtzebuerg a wéi Ofgasen eis schuede kënnen

Et gesäit een se net. Mee se ass ëmmer do. Am Pisa kucke mir wéi propper oder knaschteg eis Loft ass. Wéi d’Schuedstoffer an d’Loft kommen. Op et schiedlech ass wann een an den Ofgase Sport mécht. An op een erausfënnt wou een ass wann een d’Plaz just um Geroch erkenne muss.

Ofgas-Jeeër
Mat zwee Fuerscher op der Sich no propperen a belaaschte Plazen am Land.


Renge Stëbs mat grousser Wierkung

De Mister Science erkläert wou de renge Stëbs hir kënnt a wat een dogéint maache kann.


Krank duerch schlecht Loft
Wéi Ofgasen eis schuede kënnen an op een hinne beim Sport muss aus dem Wee goen.


Aen zou, Oueren zou, Nues op

Fënnt een eraus wou ee steet, wann een eng Plaz just um Geroch erkenne muss?


Fotogallerie