PISA- De Wëssensmagazin Am Replay: Déi zwee Nei!
No engem Joer a Betrib huele mer Iech mat an d’Kulisse vum Tram a Funiculaire
Vun RTL
Wéi funktionéiert eng vu de kierzte Standseelbunnen op der Welt? Wee schafft alles do? Wéi gëtt d’Seel kontrolléiert? A wat hu se wann et awer giff räissen? Beim Tram gesi mer firwat dee regelméisseg Sand op d’Schinne street. Op puer Plaze kleng fetteg Lächer an de Schinne sinn. A firwat d’Uewerleitung am Zick Zack verleeft. De Mister Science erklärt firwat den Tram och ouni säi Biggel viru kënnt a wéi e seng Batterien a just puer Sekonne voll opluede kann. A mir weisen wéi den éischten Tram d’Bild vun der Stad Lëtzebuerg verännert huet a wat deen neie mat deem vu fréier gemeinsam huet.
Wéi de Funiculaire genee funktionéiert a wat se fir d’Sécherheet vun de Passagéier maachen
Mega Batterien
De Mister Science erkläert firwat den Tram seng Batterien a just puer Sekonne voll opluede kann
Tram-Technik
Puer technesch Klengekeeten mat grousser Wierkung
Zweet Fréijoer
Firwat den Tram grad eng Renaissance erlieft a wat deen Neien mat dem Ale gemeinsam huet
Fotogallerie
























