• VIDEO: Wann all Sekonn zielt: Am Trainingscamp mat de Fluchhafe-Pompjeeën

    Bei hinnen kënnen e puer Sekonnen iwwer Liewen an Doud decidéieren.

    Wann um Fluchhafen eppes geschitt, da mussen d’Pompjeeën awer net just séier reagéieren, mee och richteg. Duerfir trainéiere si regelméisseg Asätz.

    E Sonndeg am Pisa Wëssensmagazin iwwert de Fluchhafen weise mer Iech wat d’Pompjeeën um Fluchhafe maachen a wéi se am Ausland trainéieren. Mir hunn si op Châteauroux begleet. An de Centre français de formation des pompiers d'aéroport. Hei kënnen d’Pompjeeën a richtege Fliger ënner anerem üben wéi se Leit engem accidentéiere Fliger evakuéieren a wéi se e Kerosinbrand läschen.

    De Frank Kosel ass ee vun zwee Formateuren hei. An hëlt déi Lëtzebuerger Pompjeeë lo fir eng Sécherheetsübung mat an déi ausrangéiert Boeing 747 eran. Där landen a starten der um Findel an de Moyenne 26 den Dag. Glécklecherweis ass dat nach ëmmer gutt gaangen. A Frankräich léiere se fir den Noutfall. Ugefaang mat den Nout-Rutschen.



    De zweete Formateur léisst d’Pompjeeë lo spieren, wéi enk et an sou engem risege Fliger ka ginn. Si mussen op den zweete Stack. Ee vun der Crew aus der schmueler Schlof-Kabinn befreien. D'Affer ass blesséiert a vu sech.

    Sou Übunge kënnen si just hei maachen. D’Fluchgesellschafte wëlle schliisslech datt hir Fliger fléien an net um Buedem fir Trainingen immobiliséiert sinn. D’Übunge kënnen nämlech och nach méi schwéier ginn.  

    E Sonndeg am Pisa weise mer, wéi se bei engem Kerosinbrand reagéiere mussen. A wéi eng aner wichteg an zum Deel ganz speziell Missioune se nach hunn, datt de Verkéier um Fluchhafen sécher ass.