• PISA - De Wëssenschaftsmagazin: Nëmme kee Stress ... Einfach mol lass loossen!

    Wat ass Stress? Wéi eng Form gëtt et? A wéi een de Stress mat Meditéieren a Selbsthypnose an de Grëff ka kréien. - Hei d'Emissioun am Replay!

    Wéi Stress eisem Kierper schuede kann a wéi mer an de Grëff kréien.

    Mat Hypnose kann ee säi Kierper a Geescht berouegen. Am Pisa weise mer, wéi ee sech mat Selbsthypnose berouege kann. Kucken op ee säi Stress duerch regelméissegt Meditéieren an de Grëff ka kréien. An de Mister Science versetzt puer Schüler an eng stresseg Situatioun. Hie wëll kucken wat dat bei hinnen ausléist a firwat chronesche Stress schiedlech ass.

    PISA - De Wëssenschaftsmagazin.

    Ma virdru goung et awer fir d'éischt emol nach ëm de Sujet: Eng Welt a Beweegung!

    Hannert dem weltwäiten Transport vu Wueren stécht eng komplex Logistik

    All Dag gi Milliounen Tonne Wuere ronderëm de ganze Globus transportéiert. Am Pisa weise mer wéi den Transport vu Wueren iwwer déi lescht Joerzéngte gewuess ass, kucken hanner d’Kulissen vun der “chaotischen Lagerhaltung” bei Amazon. Fuerscher vum LIST erklären wéi een d’Beliwwere vun de Geschäfter an der Stad kéint besser organiséieren. An de Mister Science mécht eng Course géint e professionelle Livreur vun der Post.

    VIDEO: Pisa: Op Kommando an de Standby!
    Pisa: Op Kommando an de Standby! (05.03.2017)
    Wéi ee säi Kierper mat Selbsthypnose “ausschalte” kann.


    VIDEO: Pisa: Stress-Test am Klassesall!
    Pisa: Stress-Test am Klassesall! (05.03.2017)
    Wéi kann ee Stress moossen a firwat ass chronesche Stress schiedlech?


    VIDEO: Pisa: Stress huet vill Gesiichter!
    Pisa: Stress huet vill Gesiichter! (05.03.2017)
    Ween huet de Stress "erfonnt" a wéi eng verschidde Forme gëtt et?


    VIDEO: Pisa: An der Rou läit d'Kraaft!
    Pisa: An der Rou läit d'Kraaft! (05.03.2017)
    Wéi een duerch regelméissegt Meditéieren manner gestresst ass.

    Hei och nach emol déi ganz Emissioun:

    VIDEO: Pisa - De Wëssensmagazin (5. Mäerz)
    PISA - KEE STRESS W.E.G.! (05.03.2017)
    Wéi ee Stress mat Meditéieren a Selbsthypnose an de Grëff ka kréien.

    Mat Hypnose kann ee säi Kierper a Geescht berouegen. Am Pisa weise mer, wéi ee sech mat Selbsthypnose berouege kann. Kucken op ee säi Stress duerch regelméissegt Meditéieren an de Grëff ka kréien. An de Mister Science versetzt puer Schüler an eng stresseg Situatioun. Hie wëll kucken wat dat bei hinnen ausléist a firwat chronesche Stress schiedlech ass.



    Äre Commentaire


    D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
    Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.