SOMORIA: Dschungelschoul fir Schimpansen

19.06.2016 / 00:29:08

Den Handel mat Schimpansen ass streng verbueden. Mee e Schimpanse-Baby ass um internationale Schwaarzmaart bis zu 20 000 Dollar wäert.

A fir un ee Baby ze kommen mussen d’Trafikanten dacks de ganze Grupp erschéissen. Wat geschitt mat deenen Déieren déi konnte saiséiert ginn ? Mat deenen déi hire neien Meeschteren ganz séier iwwert de Kapp wuessen? Einfach zeréck an den Dschungel setzen geet net. Schimpansen sinn héich komplex Wiesen, déi wéi de Mënsch, nëmmen am Grupp fonctionnéieren. Zu Somoria, an der Guinée, gëtt et eng Schoul, en Zenter wou eng 50 Weese-Schimpanse erëm léieren an der Wëldniss eens ze ginn, ënnerstëtzt vun enger Lëtzebuerger Veterinaire di zanter Joren regelméisseg do ënne mat den Afen schafft.