Christophe Folschette

Founder & Partner Talkwalker

Mat knapp mol 26 Joer grënnt de Christophe Folschette 2008 mat sengem Kolleesch Thibaut Britz „Talkwalker“. Eng Firma, déi spezialiséiert ass op d’Analyse vu soziale Medien a Betriber wichteg Informatioune liwwert fir déi richteg Entscheedungen ze treffen. D’Nofro ass grouss: mëttlerweil vertrauen méi wéi 1.000 international renomméiert Marken a Betriber wéi Microsoft, Accor Hotels oder ZDF op d’Servicer vun Talkwalker. D’Firma vun den zwee Computer Wëssenschaftler beschäftegt haut 170 Mataarbechter zu Lëtzebuerg, Frankfurt, New York a San Francisco. Talkwalker ass déi modern Lëtzebuergesch Success Story par excellence.

Christophe Folschette bei Greis/Valerius



LINK: talkwalker


Kandidaten

Jury


Out

Dës Kandidaten hunn et net bis an d’Finale gepackt