Carole Muller

Administrateur Délégué Fischer SA

Mat hirem Master am Management an der Täsch huet d’Carole Müller sech wichteg Grondlage ginn fir 2006 am Familljebetrib Fischer Fouss ze faassen. Hei iwwerhëlt si d’Responsabilitéit iwwer déi sëllech Verkafspunkten am Land. Fir sech weider ze spezialiséieren mécht déi jonk Geschäftsfra 2009 zu Paräis en Diplom an der Boulangerie-Pâtisserie. A sammelt duerno Erfahrungen als Consultant bei PWC. Zanter 2014 ass d’Carole Müller Administrateur Délégué vu Fischer SA. Geréiert méi wéi 70 Butteker zu hei zu Lëtzebuerg a Frankräich. Sicht dobäi ëmmer nees no neie Geschäfts-Opportunitéiten. Als General Sekretärin vun der Féderation des Jeunes Dirigeants d’Entreprise de Luxembourg engagéiert d’Carole Müller sech aktiv fir den Entreprenariat hei am Land.

D'Carole Müller mécht e Réckbléck



LINK: Fischer


Kandidaten

Jury


Out

Dës Kandidaten hunn et net bis an d’Finale gepackt