Officebox

Naschelen op der Aarbecht ka gesond sinn ! Der Iwwerzeegung sinn de Sanine, de Majid an de Steve. Fir de Leit op der Aarbecht eng gesond Alternative zu Schockela a Chips ze bidden, sinn déi dräi jonk Entrepreneuren permanent op der Juegd no neie, leckeren a méi gesonde Biosnacks aus Europa. Déi se den abonnéierte Betriber all Mount an enger „Office Box“ liwweren.

Internet Site: Officebox

D'Officebox am Video
D'Officebox an der Finall (27.03.2018)
De Sanine muss eleng virun d'Jury trieden. Wou hien en onerwaarten Challenge gestalt kritt.

En neie Client? (20.03.2018)
3 nei Clienten soll d'Officebox bis zur Finall hunn. Haut probéiert de Sanine een neien ze iwwerzeegen.

Den Tasting (06.03.2018)
Fir d'Officebox ze verbesseren, organiséieren de Sanine an de Steve en Tasting bei Deloitte. A kréien eng Rei Verbesserungs Virschléi.

Op der Sich no engem neie Logo (06.03.2018)
Nodeem sech erausgestallt huet, datt Officebox hire Logo mat der Muert net benotzen dierfen, plangen de Steve, de Majd an de Sanine e komplette Rebranding.

Liwwerdag (27.02.2018)
De Sanine Moreira liwwert de Klienten hir Officebox. Wéi kënnt d'Këscht mat de Schneekegkeeten un?

Muert a Gefor! (27.02.2018)
Den Officebox Logo gëtt vun engem Spezialist vum Marke-Regëster iwwerpréift. D'Jury zweiwelt nämlech drun, datt d'Muert am Logo dierf benotzt ginn.

De Pitch virun der Jury

Dem Sanine Moureira säi Presentatiouns Video.


De Referenz Video
De Beroder Vidar Andersen ass begeeschtert vun der Office Box Ekipp.




Kandidaten

Jury


Out

Dës Kandidaten hunn et net bis an d’Finale gepackt