An eiser Summer-Serie testen eis Journalistinnen Deborah Ceccacci an Anouk Siebenaler och dëst Joer, a scho fir d’drëtte Kéier flott Aktivitéiten, déi een a senger Fräizäit zu Lëtzebuerg oder an der Groussregioun maache kann: Vun Extrem-Sportaarten iwwer méi gemittlech Aktivitéite fir grouss a kleng. Eisen Test-Duo hëlt Service, Präisleeschtungsverhältnis a Fun-Faktor ganz genee ënnert d‘Lupp!
Summer-MagazinSummertest 2: Wëllwaasserkanal
An enger neier Episod vum "Summertest" geet et fir eisen Test-Duo eraus op d'Waasser: mam Kayak! Awer och mat Schwammweste an Helm …
Vun RTL
Summertest: Kayak mam Emma Welter (01.08.2017)
D’Deborah Ceccacci (Journalistin) an d’Emma Welter (Moude-Bloggerin) hunn de neie Wëllwaasser-Kanal zu Dikrech getest! Dréche sinn se dobäi net bliwwen!
… well d’Deborah Ceccacci (RTL-Journalistin) an d’Emma Welter (RTL-YOUserin) ginn net gemittlech paddelen! Nee, et steet richteg Action um Programm. Si testen nämlech deen neie Wëllwaasserkanal zu Dikrech.
Wéi dat Ganzt ausgesäit, wéi si zwee sech geschloen hunn, a virun allem wéi d'Aktivitéit am Test ofgeschnidden huet, dat gesitt dir an dëser Episod. Fun-Faktor, Service, Präisleeschtungsverhältnis … alles gouf ganz genee ënnert d’Lupp geholl! An d'Resultat, dat gesitt dir hei!