De Summertest

An eiser Summer-Serie testen eis Journalistinnen Deborah Ceccacci an Anouk Siebenaler och dëst Joer, a scho fir d’drëtte Kéier flott Aktivitéiten, déi een a senger Fräizäit zu Lëtzebuerg oder an der Groussregioun maache kann: Vun Extrem-Sportaarten iwwer méi gemittlech Aktivitéite fir grouss a kleng. Eisen Test-Duo hëlt Service, Präisleeschtungsverhältnis a Fun-Faktor ganz genee ënnert d‘Lupp!

Summer-MagazinSummertest 4: Indoor Skydiving

Eis Journalistin d'Deborah huet eis Meteosfee Valérie Wagner op eng vun de méi extremen Aktivitéiten invitéiert, nämlech Indoor Skydiving.

Summertest: Indoor Skydiving mam Valérie Wagner (15.08.2017)
Dës Kéier féiert de Summertest eis 2 Stonnen vu Lëtzebuerg eweg, zu Charleroi, wou de gréissten Flytube aus Europa steet!

D'Deborah Ceccacci (Journalistin) an d'Valérie Wagner (Meteosfee a Model) probéieren de renoméieren Airspace aus, a huelen e genee ënnert d'Lupp. Wéi si dës Aktivitéit erlieft hunn, gesitt dir an dësem neien Episod.

2 Stonne vun hei, zu Charleroi, steet nämlech deen héchste Flytube aus ganz Europa. Hei, wou och professionell Fallschiermsprénger, trainéieren, kënnen och Amateuren, e Gefill fir dësen Extrem-Sport kréien. Wéi dat funktionéiert? A wat dat fir en Erliefnis ass, Weisen Iech haut eisen Test-Duo Deborah a Valérie.


LINK: Internetsäit vum Airspace.
LINK: Den Airspace fënnt een och op Facebook.