De Summertest

An eiser Summer-Serie testen eis Journalistinnen Deborah Ceccacci an Anouk Siebenaler och dëst Joer, a scho fir d’drëtte Kéier flott Aktivitéiten, déi een a senger Fräizäit zu Lëtzebuerg oder an der Groussregioun maache kann: Vun Extrem-Sportaarten iwwer méi gemittlech Aktivitéite fir grouss a kleng. Eisen Test-Duo hëlt Service, Präisleeschtungsverhältnis a Fun-Faktor ganz genee ënnert d‘Lupp!

Summer-MagazinSummertest 3: Phantasialand

Am Summertest geet et fir d’Monica Semedo an de Schauspiller Tommy Schlesser an d‘Phanatasialand zu Brühl.

Summertest 3: Phantasialand mam Tommy Schlesser (08.08.2017)
Am Summertest geet et fir d’Monica Semedo an de Schauspiller Tommy Schlesser an d‘Phanatasialand zu Brühl.

Si probéieren eng Achterbunn no där anerer aus:  vum Colorado Adventure, iwwer d’Wildwasserbahn Chiapas mat enger Descente vun 53 Grad bis bei d’Haaptattraktioun an der neier Themewelt Klugheim – d‘Highspeed-Achterbunn  TARON mat zweefachem Katapult. Wéi geet et hinnen duerno a wéi bewäerte si de Service, d‘Präisleeschtungsverhältnis an de Funfaktor am Phantasialand?



Ticketen fir Phantasialand ginn et iwwer www.funticket.lu