De Summertest

An eiser Summer-Serie testen eis Journalistinnen Deborah Ceccacci an Anouk Siebenaler och dëst Joer, a scho fir d’drëtte Kéier flott Aktivitéiten, déi een a senger Fräizäit zu Lëtzebuerg oder an der Groussregioun maache kann: Vun Extrem-Sportaarten iwwer méi gemittlech Aktivitéite fir grouss a kleng. Eisen Test-Duo hëlt Service, Präisleeschtungsverhältnis a Fun-Faktor ganz genee ënnert d‘Lupp!

Summer-MagazinSummertest 7: Am Kloterpark

Am leschte Summertest hëlt d'Monica Semedo d'RTL Youseren Tessy Muller a Yannick (RTL You) mat an de Kloterpark!

Am Kloterpark (05.09.2017)
Am leschte Summertest hëlt d'Monica Semedo d'RTL Youseren Tessy Muller a Yannick (RTL You) mat an de Kloterpark!

Wie packt de Parcours op 4 Meter Héicht mat Liichtegkeet a wie kënnt un seng Grenzen? Kënne si sech iwwerwannen a wéi bewäert den Test-Trio dës sportlech Aktivitéit?

Informatiounen iwwer de Parc Le’h Adventures: www.aventure.lu