De Summertest

An eiser Summer-Serie testen eis Journalistinnen Deborah Ceccacci an Anouk Siebenaler och dëst Joer, a scho fir d’drëtte Kéier flott Aktivitéiten, déi een a senger Fräizäit zu Lëtzebuerg oder an der Groussregioun maache kann: Vun Extrem-Sportaarten iwwer méi gemittlech Aktivitéite fir grouss a kleng. Eisen Test-Duo hëlt Service, Präisleeschtungsverhältnis a Fun-Faktor ganz genee ënnert d‘Lupp!

Summer-MagazinSummertest 5: City Tour

Am Summer test mecht d’Monica Semedo mam Presentateur a Journalist Jérôme Beck eng City Tour.

City Tour (22.08.2017)
Am Summer test mecht d’Monica Semedo mam Presentateur a Journalist Jérôme Beck eng City Tour.

Am Hop On Hop Off Bus entdecken si d’Stad aus enger neier Perspektiv.  E klenge Quiz stellt hiert Wëssen iwwer d’Haaptstad op d’Prouf, an am Skatepark waart en Challenge op si: eng Course um Skateboard. Wee gewënnt? A wéi bewäerten si hiren Dag an der Stad?

Informatiounen iwwer d’gratis Summeraktivitéiten op der Kinnekswiss am Kader vu Sports pour tous fannt Dir hei: https://www.vdl.lu/actualites/kinnekswiss

Wann dir u Skateboardcoursen interesséiert sidd: www.skatepark.lu  oder iwwer facebook https://www.facebook.com/skatepark.lu.asbl/