De Summertest

An eiser Summer-Serie testen eis Journalistinnen Deborah Ceccacci an Anouk Siebenaler och dëst Joer, a scho fir d’drëtte Kéier flott Aktivitéiten, déi een a senger Fräizäit zu Lëtzebuerg oder an der Groussregioun maache kann: Vun Extrem-Sportaarten iwwer méi gemittlech Aktivitéite fir grouss a kleng. Eisen Test-Duo hëlt Service, Präisleeschtungsverhältnis a Fun-Faktor ganz genee ënnert d‘Lupp!

Summer-MagazinSummertest 6: Paragliding

An der 6. Episod geet et fir d'Deborah Ceccacci (RTL-Journalistin) an de Bruno Oliveira (Generation Art Gewënner) héich an d'Luucht. Si testen Paragliding!

Summerest 6: Paragliding mam Bruno Oliveira (29.08.2017)
Eis Journalistin d'Deborah Ceccacci huet de Gewënner vun Generation Art op e neie Summertest invitéiert. Si hunn Paragliding getest!
Zu Bourschent gëtt et nämlech eng Start- a Landebunn fir Paragliding … a Lëtzebuerg huet och säin eegene Club bei deem ee sech melle kann fir Tandem ze fléien, nämlech Cumulx. Eisen Test-Duo Deborah a Bruno hunn sech der erausfuerderung gestallt. Ma d’Nerven hunn net ëmmer 100 Prozenteg matgespillt. Wéi si dës eemoleg Erfahrung erlieft hunn, dat gesitt dir an engem neien Episode vum Summertest.