De Summertest

An eiser Summer-Serie testen eis Journalistinnen Deborah Ceccacci an Anouk Siebenaler och dëst Joer, a scho fir d’drëtte Kéier flott Aktivitéiten, déi een a senger Fräizäit zu Lëtzebuerg oder an der Groussregioun maache kann: Vun Extrem-Sportaarten iwwer méi gemittlech Aktivitéite fir grouss a kleng. Eisen Test-Duo hëlt Service, Präisleeschtungsverhältnis a Fun-Faktor ganz genee ënnert d‘Lupp!

Summer-MagazinSummertest 1: Waassersport-Aktivitéiten

An eiser Summerserie - all Dënschdeg - huelen eis Journalistinnen Deborah Ceccacci an Anouk Siebenaler och dëst Joer nees flott Aktivitéiten ënnert d'Lupp.

Summertest 1: Waassersport-Aktivitéiten (31.07.2018)
Den éischte Summertest vun 2018 féiert d'Deborah an d'Anouk op Rosport, do wou eisen Test-Duo haut eraus op d'Waasser geet.

Stand-up Paddle, Wakeboard, Banane-Boot ... hei bidden se fir jiddereen eppes un? Mä wéi schneiden se an eisem Test of ? Eisen Duo bewäert och dëst Joer nees Service, Präis/Leeschtung an Spaass-Faktor fir Iech!

Service, Präis/Leeschtung, Fun … wien huet wat hei an der Géigend ze bidden? A wou fënnt ee flott Aktivitéiten, ganz nom Motto „Vakanz zu Lëtzebuerg?

Wat se an dëser Episod genee erwaart, weess eisen Test-Duo nach net, ma souvill sief schonn emol verroden: Dréchen kommen se net derduerch!



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.