Terrassentour

Terrassentour 1/2017Op der Terrass vum Bosque Fevi zu Esch

Katalanesch Kiche vum Feinsten um Gaalgebierg

Am Hotel Seven um Gaalgebierg zu Esch huet virun e puer Méint en neie spuenesche Restaurant seng Dieren opgemaach. De Bosque Fevi, deen zu engem groussen Deel op katalanesch Produiten a Spezialitéiten setzt. Managerin ass d‘Violant Tarrach vu Barcelona. D’Duechter vum Rolf Tarrach, dem fréiere Rektor vun der Uni Lëtzebuerg, ass viru Kuerzem mat hirer Famill op Lëtzebuerg komm fir méi no bei hiren Elteren ze sinn.

Hire Mann, de Kichechef Fernando Andreu, zerwéiert eng qualitativ ganz héichwäerteg Kichen. Tapas stinn natierlech och op der Kaart. Awer dëst ass eng Adress fir Gourmeten. Wee well en Abléck an dem Chef säi villsäitegt Kënnen kréien, huet dofir och d’Méiglechkeet en 9 Gang Menu auszeprobéieren.  Awer och de Cooldiner, ee méi "liichten" Menu mat "nëmmen" 5 Platen,  ka begeeschteren.

De Bosque Fevi
50 Gaalgebierg
L-4142 Esch-sur-Alzette

Tel: 54 02 28
E-mail: reservation@thesevenhotel.lu
www.thesevenhotel.lu

Restaurant fermé le lundi