Terrassentour

Terrassentour 2/2017Op der Terrass vum Restaurant „Um Plateau“ an der Stad

E labbere Kader, fir a flotter Gesellschaft zesummen ze genéissen

Zënter 2 Joer ass de Plateau eng Plaz, wou vill kleng Platen ugebuede ginn, déi een ënnereneen a gudder Gesellschaft deele soll. An dat neit Konzept gëllt och op der neier Terrasse vum Restaurant. Jidderee soll jidderee gesinn. Wee wëll, kann awer och méi no beienee réckelen. Ëmginn ass een dobäi vu wonnerschéinem Gréngs, dat mécht dat een hei komplett ofgeschiermt sëtzt. 

An der Kichen iwwerdeems suergt de brasilianesche Chef weiderhin dofir, datt ëmmer och eng Touche vu südamerikanesche Goûten um Teller erëmzefannen ass. Dobäi gëtt virun allem op frësch saisonal Produite gesat. Besonnesch erfrëschend ass zur Zäit de Carpaccio de poulpe à la brésilienne. Dës Terrasse luet awer och an, nom Iessen Owes méi laang bei engem Drink sëtzen ze bleiwen. Ugebuede ginn, nieft de villen Gin-Varianten, och eng grouss Panoplie u Wäiner, déi am Glas zerwéiert ginn.

Um Plateau
6, Plateau Altmünster
L-1123 Luxembourg

Tel: 26 47 84 26
E-mail: contact@umplateau.lu
http://umplateau.lu/