Terrassentour

Terrassentour 3/2017Op der Terrass vum „Schloss Monaise“ zu Tréier (D)

Rafinéiert Kichen a feudalem Kader

An engem fréiklassizistesche Schlass aus dem 18. Joerhonnert huet sech virun 20 Joer de bekannten Tréierer Kach Hubert Scheid néiergelooss, wou een zënterhier net nëmme gutt ësst mä och nach di beschte Wäiner zerwéiert kritt. Dëse Restaurant huet dann och zwou Forschetten am Guide Michelin an zwou Toquen am Gault&Millau. D’Ambiance am Schloss Monaise ass trotzdem ganz ongezwongen. Besonnesch op der Terrasse, déi bei schéinem Wieder vum Mee un op ass.

Onbedéngt probéiere soll een do zur Zäit de Seeteufel mat Spinat a Basilikumtomaten an enger Olivenueleg Vinaigrette.  An als Entree de Carpaccio vun der Gelbschwanzmakrele (Hamachi) mat Koriander an Papaya. Ofschléisse kéint een de Besuch op dëser Terrasse mat engem Framboise Vacherin, e Klassiker vum Haus. An net vergiessen onbedéngt ee vun de gudde Wäiner aus der Regioun Mosel ze probéieren, déi hei op der Kaart stinn.

Schloss Monaise
Schloss Monaise 7
D-54294 Trier

Tel: +49 651 828670
E-mail: info(at)schloss-monaise.de
http://schloss-monaise.de/de/restaurant.html