Terrassentour

Terrassentour 5/2017Op der Terrasse vum Restaurant « Le K » zu Montenach (F)

Haute Gastronomie am Domaine de la Klauss

Am 4 Stären Spa Hotel direkt hannert der Grenz zu Schengen gëtt et zënter dem Januar dëst Joer och e ganz exklusive Restaurant. Le K. Nëmme 50 Plazen. An déi si gefrot. Besonnesch elo am Summer well et och eng wonnerschéin Terrass gëtt, wou een op d’Bierger vu Montenach kucke kann. Eng Terrasse déi eng onheemlech Rou austrahlt, op där ee genee wéi am Spa wonnerbar ofschalte kann.

Hei kritt een awer och excellent ze iessen. De Kichechef huet virdrun an engem Stärerestaurant am Süde vu Frankreich opgedëscht. Herrlech erfrëschend z.B. ass den Tataki de thon mat engem Zitrounebasilikum Sorbet an engem Confit de tomate, deen direkt e richtegt Wellness Gefill opkomme léisst. D’Platen sinn alleguerten vum feinsten an nëmmen mat de beschte Produiten zoubereet. De Boeuf maturé z.B. gouf vum Metzler selwer beim Produzent eraus gesicht. De Mann hannert deem Ganzen dat ass den Alexandre Keff, deen nieft dem Domaine, um Haff vu sengem Papp, grouss ginn ass an ëmmer erëm nei Projet am Kapp huet. Dat nächst Joer schon soll den Terrasseberäich vum Domaine ausgebaut ginn an da wäert et hei och nach en Infinity Pool mat Poolbar ginn.


Le Domaine de la Klauss
2 impasse du Klaussberg
F-57480 Montenach

Tel: +33 3 82 83 19 75
E-Mail: contact@domainedelaklauss.com
http://www.domainedelaklauss.com/