Terrassentour

Terrassentour 6/2017Op der Terrasse vun der Brasserie Wenzel

De Restaurant an der Abtei Neimënster ass nei lancéiert

Viru ganz kuerzem hu sech d‘Zwillingsbridder Christoph a Jan Lindner an der Brasserie Wenzel néiergelooss, wou si och de Catering vum Centre de Rencontre assuréieren. Deen ee geléierte Kach um Institut Paul Bocuse a laang Joeren Executive Chef an engem thäilännesche Luxus Hotel, deen anere bis ewell Pilot an neierdéngs Gérant vun der Location am Gronn.

Di zwee Lindner Bridder wellen an der Brasserie Wenzel eng héichwerteg international Kichen a flottem Kader presentéieren. Wéinst der laanger Thailand Experienz vum Chef stinn awer och ëmmer erëm asiatesch Platen um Menu. Pad Thäi an Khao Soy zB. Net entgoe loossen soll een sech awer och de  Gaspacho aus Cornichon an gréngem Apel. An der Brasserie Wenzel gëtt eng extrem frësch Kichen mat gudde Produiten ugebueden. Besonnesch Vegetarier an Veganer dierften hei voll op hir Käschte kommen. A vun der Terrasse aus huet eng och nach eng phantastesch Aussiicht op de Bockfiels.


Brasserie Wenzel
Abbaye de Neumünster
28, rue Münster
L-2160 Luxembourg

Tel: +352 262052 985 oder +352 661 447 048
E-Mail: info@brasseriewenzel.lu
https://www.brasseriewenzel.lu/