Terrassentour

Terrassentour 7/2017Op der Terrasse vum Moulin hideux zu Noirefontaine (B)

Eng Stärenadress mat ländlechem Charme

D’Auberge du Moulin Hideux zu Noirefontaine an der Province de Luxembourg huet eng ganz aussergewéinlech Terrasse matten an der Natur. Den Uergrousspapp vum heitege Besëtzer huet 1947 di ural Millen opkaaft an eng Auberge draus gemaach, déi als éischten relais et château baussent Frankreich ausgezeechent gouf an zënter 60 Joer och e Stär am Guide Michelin huet. An dëst Joer koum och nach de Gault&Millau Titel vun der beschter Terrasse an der Belsch dobäi. Eng Adress, wou een di absolut Rou an der Natur fënnt, awer natierlech och first class Iessen.

Onbedéngt ze recommandéieren ass  d‘Tomate coeur de boeuf confite au thym citron, arrangéiert mat Cruditéiten mat Rouseparfumen an iwwerzunn vun enger Vinaigrette mat Yuzu an Hunneg aus den eegene Beiestäck an dobäi engem Sorbet, gemaach aus hauseegene Kräider.  Um Teller hei ass alles bis an de leschten Detail iwwerluecht an och e winzegt Stéck vun enger Planz kann zu totalem Genoss féieren.


Auberge du Moulin Hideux
B-6831 Noirefontaine (Bouillon)

Tel: +32(0)61 46 70 15
E-Mail: info@moulinhideux.be
http://www.moulinhideux.be/en