Terrassentour 4/2018Op der Terrass vum K Restaurant
Um nërdlechsten Wutz vu Lëtzebuerg, zu Huldang, kann een zënter 13 Joer schonn op der Terrass vum K Restaurant gastronomesch Kichen genéissen.
Vun RTL
Terrassentour 4/2018 - K Restaurant (22.08.2018)
Um nërdlechsten Wutz vu Lëtzebuerg, zu Huldang, kann een zënter 13 schonn op der Terrass vum K Restaurant gastronomesch Kichen genéissen.D’Gebai vum Restaurant läit op der Haaptstrooss, ma dës Terrass ass hannert dem Haus am Gaart. Ongeféier 40 Leit kënnen hei op der Terrasse Plaz huelen. Woubäi net nëmmen eppes fir déi Erwuesse Frënn vu gastronomescher Kichen eppes op der Kaart fanne ma och fir déi Kleng ass gesuergt. Ausser Méindes, wou d’Kichen zou ass, kann een déi aner Deeg vun der Woch Mëttes an Owes hei iessen.
Dem Frédéric Muller, Proprietär a Kach vum K Restaurant, seng Kiche gouf vu Gault & Millau mat 14 vun 20 Punkten ausgezeechent. Zerwéiert gëtt eng Lëtzebuergesch-Franséisch Kichen an enger Präislag tëscht 8 a 44 Euro, ma et kann ee sech och e Menü fir 37 Euro eraussichen, dee vum Michelin mam Bib Gourmand belount gouf.
Besonnesch ze recommandéiere vun de saisonale Platen ass den Tartare de Thon mat Mango a gréngem Apel. An hei ësst d'A och mat. Souwuel d'Amateure vu guddem Fleesch a Fësch, wéi och Vegetarier kommen hei op hir Käschten.
Ausser méindes, wou d’Kichen zou ass, kann een déi aner Deeg vun der Woch mëttes an owes hei iessen. A wann et och emol méi kill gëtt, kréien d'Clienten op der Terrass eng Decken ugebueden a fir déi néideg Extrahëtzt suergen Heitzstrahler op de Prabbelien.
K Restaurant
2, Stawelerstrooss
L-9964 Huldange
E-Mail: info@krestaurant.lu
www.krestaurant.lu








