Terrassentour

Mmmh! Summerterrassen 7/2016Kennedy Brasserie Restaurant

Eng Adress fir Frënn vu Fësch, Mieresfriichten, Tapas an internationaler Kichen.

Mmmh! Kennedy (01.09.2016)
E Restaurant fir all Geleeënheet matten um Kierchbierg.

An eiser Serie iwwer di flott Summerterrassen hei am Land huele mer Iech mat an d‘Häerz vum Quartier d’Affaires um Kierchbierg. Op de Boulevard Kennedy, an de Restaurant Kennedy.

En enorme Raum, dee bis zu 350 Leit ophuele kann, an all méiglech Evenementer zouléisst. Vum einfache Business Iessen, iwwer e romanteschen Tête-à-tête bis zu engem Comité de direction an enger Soirée mat DJ ass alles méiglech.

Summer wéi Wanter gëtt et dobäi eng herrlech Terrasse, déi komplett iwwerdeckt ass a ka gehëtzt ginn.

Di héich professionell Equipe vum Kennedy bréngt Erfahrung aus der ganzer Welt mat a wëll hier Clienten iwwer d’Konscht vum Iessen an d‘Dëschkultur mat op eng kulinaresch Rees huelen. 

Dem Kichechef Aart Polderman De Jong säin Uleies ass et wuel sou vill wéi méiglech lokal Produkter ze benotzen, dobäi awer ëmmer och e Lien mat anere Kulturen hierzestellen.

Ganz gefrot am Kennedy ass z.B. d’Salade „Madame Kennedy“, eng revisitéiert Salade niçoise mat frësch gebrodenem Thon a Caille-Eeër.

Eng grouss Roll an dëser Kichen spillen awer och de Fësch an d’Mieresfriichten.

A fir de klengen Honger zu méi spéider Stonn kritt een hei och nach bis an d’Nuecht eran Tapas servéiert.


Kennedy Brasserie Restaurant 
35F Avenue J.-F. Kennedy
L-2346 Luxembourg

Tel.: +352 28 68 20 20
www.kennedy.lu