Terrassentour

Mmmh! Summerterrassen 8/2016Paname

E Bar-Restaurant mat franséischem Flair op der Paräisser Plaz

Mmmh! Paname (08.09.2016)
E Stéck Paräis zu Lëtzebuerg

D’Paräisser Plaz op der Gare ass zënter kuerzem eng Plaz wou een erëm gär higeet. Vläit och wéinst dem Paname, engem coole Bar mat Restauratioun.

Am franséischen Argot heescht Paname dann och Paräis. Dat kënnt anscheinend vun den Hitt, déi d’Männer hei an der Zäit gedroen hunn. A genee dee Paräisser Flair ass och am Paname erëm ze fannen a bréngt e ganz neie Wand op d‘Gare.

De Gabriel Boisante, Schauspiller a Présentateur, dee mëttlerweil Associé vun enger ganzer Rei Restauranten a Baren hei am Land ass, huet sech heimat en alen Dram erfëllt. En typesche Quartiers-Bar, wéi en iwwerall an de grousse Stied an der Welt ze fannen ass. Genee geholl eng Cocktail Bar mat hauseegene Kreatiounen, déi sou flott Nimm droen wéi “where I come from” oder “cool as a cucumber”  an nëmme mat frëschen Ingrediente gemaach sinn.

An genee esou erfrëschend an frësch ass och d’Iessen am Paname. Kleng Platen, präiswäert, awer alles elaboréiert an sou gesond wéi méiglech. Ze recommandéieren ass e.a. den Ceviche mat Heilbutt an enger Infusioun mat Bergamotte Téi, grénger Zitroun an frëscher Pampelmousse a Basilikum.

Paname
50, rue Sainte Zithe
Place de Paris
Luxembourg

Tel: 24 87 31 62

www.paname.lu