Reportage: Mënschenhandel oder modern Sklaverei

15.03.2017 / 00:10:10

Och zu Lëtzebuerg gëtt et Mënschenhandel. Zënter 2008 goufen awer nëmme 17 Fäll iwwer ons Geriichter jugéiert.

Wann een vu Mënschenhandel schwätzt, dann denkt een haaptsächlech un déi sexuell Ausbeutung oder d’Aarbecht-Ausbeutung. Et handelt sech ëm eng modern Form vu Sklaverei, wou Mënschen hei an d'Land bruecht ginn, fir da benotzt oder ausgenotzt ze ginn. An de Mënschenhandel falen awer och aner Verbriechen, wéi d’ Ausnotze vun Erwuessenen oder Kanner beim organiséierten Heeschen, wéi den Organ- oder och nach de Kannerhandel. Wéi eng Fäll gëtt et zu Lëtzebuerg, an wat gëtt dogéint ënnerholl?