Episod 1Wat iesse mer? - an der Paus

D'Jana Gorge weist eis wat hat sengen Kanner mat an d'Schoul gëtt fir an der Paus ze iessen.



Rezept: Knäckebrout
70 g Chia Som
30 g Leinsamen
60 g Sonneblummekäre
60g Kürbiskäre
60g gemuelen Mandelen
60g Sesam
1 TL Bakpolver
1 TL Salz
1 Eewäiss

Chiasom mat de Leinsamen mëschen an 2 dl kaalt Waasser dobäi ginn. Sonneblummekären a Kürbiskären mixen a mat den gemuelen Mandelen, Sesam, Bakpolver a Salz, an engem zweeten Behälter, mëschen. En Eewäiss an den Chia-Leinsam-Jelli dobäi ginn a gutt vermëschen. Bakblech mat Bakpabeier beleeën an Deeg dorobber verdeelen. Zweeten Bakpabeier driwwer leen an zu engem dënnen Deeg ausrullen, ca. 2-3 mm deck. Ieweschten Bakpabeier erëm erofhuelen an fir 25 min bei 160° baken.

Video: Wat seet d'Expertin
D'Anne-Marie Reuter ass diététicienne am Gesondheetsministère. Si gëtt zu all Emissioun zousätzlech Tipps.



Fotogallerie