Episod 5Wat iesse mer? - Geméis virbereet

D'Pascale Neuens weist eis wéi hat d'Geméis am viraus preparéiert, sou dass et ënnert der Woch séier eppes Guddes selwer gekacht kritt.

D'Pascale ass Ernärungscoach zu Wien an huet en Foodblog mat villen weideren Rezepter www.neuensausderkueche.com/rezepte


Rezept: Pesto

50 g Réidechersblieder
50 g Selleriesblieder (céleri-branche)
50 g Piniekären
50 g Parmesan
ca. 100 ml Olivenuelleg
Salz a Pfeffer
Basilikumsblieder

Blieder, Piniekären a Parmesan zesumme mat ca. 80 ml Olivenuelleg an e Mixer ginn. Salz a Peffer dobäi an esou vill Olivenuelleg, bis dass eng crèmeg Mass entsteet. Fir den typeschen Pesto Goût kann een och nach e puer Basilikumsblieder bäiginn.

Video: Wat seet d'Expertin
D'Anne-Marie Reuter ass Diététicienne am Gesondheetsministère. Si gëtt zu all Emissioun zousätzlech Tipps.



Fotogallerie