Episod 7Wat iesse mer? - Dagesportiounen

D'Henriette weist eis wéi hat et hikritt fir fënnef Portioune Geméis an Uebst am Dag ze iessen?


Tipp: Wat heescht eng Portioun Uebst oder Geméis?

Eng Portioun kann ee moossen un der Gréisst vun der Hand.
Dat heescht fir Erwuessener ass d’Portioun méi grouss ewéi fir Kanner, déi méi eng kleng Handfläch hunn.
Et hëlt een eng Hand fir Friichten déi an engem Stéck sinn, zB en Apel, en Bir, eng Banann etc.
Et hëlt een déi zwou Handflächen zesumme fir Uebst a Geméis wat a méi klenge Stécker ass, zB  Kiischten, Äerbieren, Brockelcher

Video: Wat seet d'Expertin
D'Anne-Marie Reuter ass Diététicienne am Gesondheetsministère. Si gëtt zu all Emissioun zousätzlech Tipps.




Fotogallerie