Episod 8Wat iesse mer? - als Apero

D'Marguerite weist eis wat hat als gesonden Apero fir d'ganz Famill preparéiert?


Rezept: Hummus

400 g     Pois-chichen am Glas
1 EL        Tahin
1             Zitroun
1 EL        Ueleg (Olivenueleg oder Rapsueleg)
1 TL        Salz
½ TL       Kreuzkümmel / Cumin

Salz, Kreuzkümmel an Zitrounejus vun enger Zitroun an eng Schossel bzw. Mixbehälter ginn. Mëschen sou dass d’Salz sech opléist. Pois-chichen aus dem Glas ofschëdden an zesumme mam Ueleg an Tahin och an d’Schossel ginn. Mat engem Läffel emol alles duerchréieren. Alles zesumme mixen.

Video: Wat seet d'Expertin
D'Anne-Marie Reuter ass Diététicienne am Gesondheetsministère. Si gëtt zu all Emissioun zousätzlech Tipps.




Fotogallerie