Episod 14Wat iesse mer? - Moies

D'Anne weist eis wéi hat sech en séiert a gutt Moiesiesse preparéiert.


Rezept: Frëschkarbräi

3 IL         Huewerflacken (am Beschten frësch gemuelen)
1             Apel
1             Zitroun
2 IL         Ram oder Schlagsahn
2 IL         frëscht Uebst oder gefruere Friichten
1 IL         Nëss
1 IL         Roséngen

D’Huewerflacke gi mat 3-4 Iessläffele kalem Waasser vermëscht a fir 5-12 Stonne stoe gelooss. Wann ee frësch gemuelen Huewerflacken hëlt da fänken dës an där Zäit un mat keimen. Den Dag drop kënnt en gerappten Apel, Jus vun der Zitroun, Friichten, Ram, Nëss, Roséngen dobäi.

Klengen Tipp:
Eng Banann schläimeg tripsen a mat dra vermësche fir de Bräi nach méi lëfteg ze hunn.

Video: Wat seet d'Expertin
D'Anne-Marie Reuter ass Diététicienne am Gesondheetsministère. Si gëtt zu all Emissioun zousätzlech Tipps.

Wat solle moies iessen?



Fotogallerie