Episod 16Wat iesse mer? - séier gekacht

Den Giovanni weist eis wat hien sech Owes séier gekacht kritt.


Rezept: Fëschzopp

150 gr                  Fësch  (Cabillaud)
200 gr                  Fësch-Karkassen
400 ml                  Fëschfong
2 Staangen          Fréijoersënnen
10                        Tomaten (klenger)
1 TL                      Olivenueleg
50 gr                    Nuddelen (ideal sinn ganz klenger)
1                          Schallott
2                          Lorberblieder
6                          Wakelterkären
10                        Pefferkären
1 Zweig                Rosmarin
2                          Wuerzelen

Fëschkarkasse mat bëssen Ueleg an engem Dëppen ubroden an dann mat dem Fëschfong ofläschen. D’Schallott, eng Staang Fréijoersënnen an d’Wuerzele kleng schneiden a separat an enger Pan ubroden. Duerno d’Geméis an d’Kräider bei de Fëschfong an d’Dëppe ginn.  Dat ganzt wärend 25 Minutte kachen a reduzéiere loossen. Wärenddeems d’Nuddelen an engem aneren Dëppe kachen, de Fësch kleng schneiden an och déi zweet Fréijoersënn an d’Tomattecerises kleng schneiden. Dëst Geméis separat an en bëssen Olivenueleg ubroden. Wann de Fong reduzéiert ass dësen duerch eng Passett ofgéissen an en anert d’Dëppen. De kleng geschniddene Fësch an der passéierter Zopp 5 Minutten zéie loossen. Ofschmaachen a wierzen an dann zesumme mat den Nuddelen an dem gebrodene Geméis zerwéieren.

Video: Wat seet d'Expertin
D'Anne-Marie Reuter ass Diététicienne am Gesondheetsministère. Si gëtt zu all Emissioun zousätzlech Tipps.

Wéivill Fësch soll ech an der Woch iessen?




Fotogallerie