Episod 18Wat iesse mer? - warm a kal

D'Laura weist eis wéi hat sech Lënsen preparéiert an domat dann en warmen an e kalen Plat kacht.


Rezept: Lënsenzopp a Lënsenzalot

Lënsenzopp (Fir 4 Portiounen)

250 g     rout Lënsen
1            Zelleriestaang
2            Wuerzelen
4            Fréijoersënnen
2            Tomaten
1            Knuewelekszéif
1            Limett
1TL        Ingwer
2EL        Sesamueleg
2IL        Currypolver
800ml   Geméisfong
Salz
Peffer

Zellerie, Wuerzelen, Fréijoersënnen, Knuewelek an Ingwer kleng schneiden an ubroden. Mat Currypolver, Salz a Peffer wierzen an da mat dem Gméisfong ofläschen. D’Tomate kleng schneiden an zesumme mat de Lënsen an d’Zopp ginn.  15-20 kache loossen. De Jus vun enger Limett bäiginn an ofschmaachen.

Lënsenzalot

500 g        Lënsen
1               rout Ënn
3               Tomaten
1              Paprika
1              Kornischong
1 Bouquet frësch Kraider (Péiterséileg, Koriander oder Peffermënz)

Lënse wéi um Pak beschriwwe kachen an ofkille loossen. Geméis a Kraider kleng schneiden an ënnert d’Lënse mëschen.

Dressing:
2 IL     Waasser
2         Limetten
3         Knuewelekszéiwen
1TL      Salz
½ TL    Kräizkümmel
1          Chili

Limetten pressen a Chili kleng schneiden an dann all d’Ingrediente vermëschen.

Video: Wat seet d'Expertin
D'Anne-Marie Reuter ass Diététicienne am Gesondheetsministère. Si gëtt zu all Emissioun zousätzlech Tipps.

Wéieng Hülsenfrüchte ginn et an a wéienger Form soll ech se am Beschten kafen?



Fotogallerie