Eist wëllt Lëtzebuerg

Mat dëser Serie huele mir Iech mat an déi wëll, onberéiert Lëtzebuerger Natur. Zesumme gi mir op Expeditioun, fir 7 Déieren, déi besonnesch bedroht a geschützt sinn, ze entdecken. Dës Déiere weisen, wéi räich a villfälteg eis Natur heiheem nach ass an datt Naturschutz och Schutz vun eiser Liewensqualitéit ass. Verpasst keng Episod – an entdeckt, erlieft an erhaalt eis Natur!

Hannert de Kulisse vun "Eist wëllt Lëtzebuerg"

13.12.2017 / 00:03:22

Wéi geet ee bei esou enger Produktioun vir a wéi kritt de Kameramann d'Déiere virun d'Lëns? Mir hunn d'Kamerateam zu Ëlwen op de Spure vum Biber begleet ...

An der neier Emissioun "Eist wëllt Lëtzebuerg" weise mir Iech an Zesummenaarbecht mam Ëmwelt-Departement vum Nohaltegkeetsministere 7 Déieren, déi zu Lëtzebuerg besonnesch bedreet a geschützt sinn.