Wëllt Lëtzebuerg - Episod 2/7 – D’WËLL KAZ
19.12.2017 / 00:09:30
"D’wëll Kaz" ass déi zweet Episod vun der Serie "Eist wëllt Lëtzebuerg", déi nach bis den 28.12.2017 op RTL Télé Lëtzebuerg ausgestraalt gëtt.Eng Initiativ vum Ëmwelt-Departement vum Nohaltegkeetsministère.
D’wëll Kaz ass un hirem verwäschene Fell mat engem duerchgezunnen, schwaarze Stréch um Réck an dem buschege Schwanz mat Réngelen um Enn z'erkennen. Si ass a bësse méi grouss wéi déi meescht Hauskazen.
Fir hir Jongen opzezéien, zitt sech d’wëll Kaz a Bamhielechten, Wuerzeltelleren oder a Fielssplécken zréck. Virun allem nuetsaktiv, geet d’wëll Kaz a rouege Bëscher an ongestéierte Gewanen no Mais sichen.
D’wëll Kaz ass duerch d’Zerschneidung vun eise Landschaften duerch den Ausbau vu Stroossen, Zuchstrecken an och duerch d'Bebauung staark a Gefor.

