Wëllt Lëtzebuerg - Episod 4/7 – DE WÄISSE STORCH
21.12.2017 / 00:09:09
"De Wäisse Storch" ass déi véiert Episod vun der Serie "Eist wëllt Lëtzebuerg", déi nach bis den 28.12.2017 op RTL Télé Lëtzebuerg ausgestraalt gëtt.Eng Initiativ vum Ëmwelt-Departement vum Nohaltegkeetsministère.
De wäisse Storch ass och als Klapperstorch bekannt. Meeschtens bréit en an héijen Näschter op den Diecher vun Haiser, awer och op héije Beem oder Stroumpottoen. Fiicht Wise si fir de wäisse Storch wichteg, wou e mat senge laange roude Been op d’Sich no Wullmais, groussen Insekten an och Amphibie geet.
Laang Zäit gouf de wäisse Storch bei eis just als Zuchvull identifizéiert, wou en dann an de fiichte Wise Statioun gemaach huet, fir do no Fudder ze sichen. Säit e puer Joer bréit en awer och am südlechen Uelzechtdall, wou en och all Joer nees zréckkënnt.

