Wëllt Lëtzebuerg - Episod 7/7 – DE ROUDE MILAN
28.12.2017 / 00:09:17
"De Roude Milan" ass déi siwent Episod vun der Serie "Eist wëllt Lëtzebuerg", déi nach bis den 28.12.2017 op RTL Télé Lëtzebuerg ausgestraalt gëtt.Eng Initiativ vum Ëmwelt-Departement vum Nohaltegkeetsministère.
De roude Milan, eise gréissten Dages-Gräifvull, ass duerch säi Schéierschwanz a seng rout-brong Faarf gutt z'erkennen an däitlech vun den anere Gräifvullen z'ënnerscheeden. E jot virun allem op Felder a Wisen an op oppener Landschaft, brauch awer Beem oder de Bord vum Bësch fir ze bréien. Normalerweis wandert hie fir de Wanter an de Südweste vun Europa. Rout Milane sinn typesch Europäer, just hei komme se vir.
Bal iwwerall hei zu Lëtzebuerg kann een emol e roude Milan erblécksen, awer haaptsächlech fënnt een en am Éislek, am Atertdall an am Oste vum Land.
Dëst war déi lescht Episod vun "Wëllt Lëtzebuerg". D'nächst Joer komme mer erëm – a ginn zesumme mat Iech op Expeditiounen an dat wëllt Lëtzebuerg.
Eist wëllt Lëtzebuerg – eis Natur entdecken, erliewen an erhalen.

