Wëllt Lëtzebuerg - Episod 5/7 – D'FLIEDERMAUS
26.12.2017 / 00:09:55
"D’Fliedermaus" ass déi fënneft Episod vun der Serie "Eist wëllt Lëtzebuerg", déi nach bis den 28.12.2017 op RTL Télé Lëtzebuerg ausgestraalt gëtt.Eng Initiativ vum Ëmwelt-Departement vum Nohaltegkeetsministère.
D’Fliedermais si wichteg Indikatore fir eng intakt Landschaft mat allen ökologesche Funktiounen. Verschidde Fliedermaus-Aarte liewen éischter an de Bëscher an anerer liewe gäre beim Mënsch an de Gebaier.
D’Wimperfliedermaus ass besonnesch rar an Europa an zu Lëtzebuerg nach op ronn enger Dose Plazen am Land ze fannen. Grad zu Lëtzebuerg hu mer nach eng gutt Densitéit vun där Aart, déi op den Diecher vun ale Gebaier a Kierchen hir Jonk opzillt a vun do aus nuets op d’Juegd no Insekte geet, déi se am Fluch laanscht Bongerten, Hecken a um Bord vum Bësch fänkt.

