Wëllt Lëtzebuerg - Episod 3/7 – DE KAMMMOLCH
20.12.2017 / 00:09:02
"De Kammmolch" ass déi drëtt Episod vun der Serie "Eist wëllt Lëtzebuerg", déi nach bis den 28.12.2017 op RTL Télé Lëtzebuerg ausgestraalt gëtt.Eng Initiativ vum Ëmwelt-Departement vum Nohaltegkeetsministère.
De Kammmolch ass eise gréisste Molch. Wéi all d’Amphibie verbréngt en een Deel vu sengem Liewen als Larve am Waasser. Spéider als erwuessent Déier lieft ee vill u Land, muss fir d’Fortplanzung awer ëmmer nees a planzeräich Weieren an Dëmpelen zréck. Während der Fortplanzungszäit ass beim Männchen ee charakteristesch gezackte Kamp iwwert dem Réck ze erkennen.
De Kammmolch ass seelen an et gëtt e virun allem am Süde vum Land, mä och deels am Éislek ass nach eng ganz kleng Populatioun iwwereg.

