Eist wëllt Lëtzebuerg

Mat dëser Serie huele mir Iech mat an déi wëll, onberéiert Lëtzebuerger Natur. Zesumme gi mir op Expeditioun, fir 7 Déieren, déi besonnesch bedroht a geschützt sinn, ze entdecken. Dës Déiere weisen, wéi räich a villfälteg eis Natur heiheem nach ass an datt Naturschutz och Schutz vun eiser Liewensqualitéit ass. Verpasst keng Episod – an entdeckt, erlieft an erhaalt eis Natur!

Wëllt Lëtzebuerg - Episod 6/7 – DEN HUES

27.12.2017 / 00:07:23

"Den Hues" ass déi sechst Episod vun der Serie "Eist wëllt Lëtzebuerg", déi nach bis den 28.12.2017 op RTL Télé Lëtzebuerg ausgestraalt gëtt.

Eng Initiativ vum Ëmwelt-Departement vum Nohaltegkeetsministère.

Dee méi groussen Hues ass op den éischte Bléck z'ënnerscheede vun der méi klenger Kanéngchen duerch déi méi laang Oueren a Been. Den Hues ass och éischter en Eenzelgänger, woubäi d’Kanéngche bal ëmmer am Grupp ze gesinn ass.

Queesch duerch eist Land lieft e virun allem an der oppener Gewan, wou hie sech laang um Buedem duckt a sech op seng Tarnung verléisst. Awer e kann duerchaus och emol am Bësch gesi ginn. An de leschte 50 Joer ass d’Zuel vun den Huesen dramatesch zréckgaangen, duerch d'Ännerungen an der Landwirtschaft.