Wëllt Lëtzebuerg - Episod 1/7 – DE BIBER
18.12.2017 / 00:09:23
"De Biber" ass déi éischt Episod vun der Serie "Eist wëllt Lëtzebuerg", déi nach bis den 28.12.2017 op RTL Télé Lëtzebuerg ausgestraalt gëtt.Eng Initiativ vum Ëmwelt-Departement vum Nohaltegkeetsministère.
De Biber ass e wichtegen Indikator fir d'Biodiversitéit an hëlleft, e Liewensraum ze schafen, fir vill Déieren a Planzen, déi op Fiichtgebidder ugewise sinn.
E gouf am 19. Joerhonnert zu Lëtzebuerg ausgerott. Awer säit 2009 ass en nees bei eis heemesch an et fënnt een en am Moment nach a geréngen Zuele laanscht verschidde Fléissgewässer, haaptsächlech am Éislek an am Weste vum Land, besonnesch an Naturschutzgebidder. Do kann een ëmmer méi dacks ugeknabbert Äscht a bei e bësse Opmierksamkeet och seng bekannten Dämm a Biberbuergen entdecken.

