LU FR

Hei geet et ëm de Max (Tommy Schlesser), e jonke Schauspiller, dee vu senger Fra dem Sophie (Hana Sofia Lopes) verlooss gouf.

Nodeems d'Sophie erausplënnert, ass de Max verzweiwelt an depriméiert. Well hien de Loyer net bezuele kann, muss hie sech wuel oder iwwel op d'Sich no Sous-Locataire maachen, mat deenen hien déi verschiddenst a skurrilst "Aventuren" erlieft

"Zëmmer ze verlounen"D'Sitcom elo am Replay: Episod 12: "Olivier - Den Déif"

Déi nei Lëtzebuerger Sitcom, realiséiert vum Marco Serafini mat ënnert anerem dem Tommy Schlesser an dem Hana Sofia Lopes. All Dënschdeg um 20 Auer.

"Zëmmer ze verlounen" ass eng Produktioun vu Calach Films mat der Ënnerstëtzung vum Film Fund Luxembourg an RTL Lëtzebuerg.

En Dënschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu an duerno do och fir 15 Deeg am Replay.

Episod 12: "Olivier - Den Déif"


De Max erwëscht en Abriecher in Flagranti. Mee mat dem jonken Olivier muss een eigentlech éischter Matleed hunn. Säi Schicksal erënnert de Max u säin eegent. Keng Frëndin, keng Aarbecht, keng Wunneng. Well et dobaussen mat Eemere schëtt, léisst hien e bei sech iwwernuechten. Den Olivier bleift, an entpuppt sech als dee feinsten an onkomplizéiertsten Matbewunner deen de Max jee hat. Souguer d’Valerie ass vu sengem Charme total begeeschtert. Ze vill begeeschtert, well hatt eng Nuecht mam Olivier verbréngt. An dono si seng Bijoue verschwonnen.......


Episod 11: "Joe - De Body"
Zëmmer ze verlounen: Episod 11: Joe - De Body (20.11.2018)
De Max huet senger attraktiver Kollegin Sabrina dat eidelt Zëmmer versprach, mee dat gëtt den Ënnerdaach un de männleche Fotomodell Joe weider.


De Max huet senger attraktiver Kollegin Sabrina dat eidelt Zëmmer versprach, mee dat gëtt den Ënnerdaach un de männleche Fotomodell Joe weider. Den Joe, perfekt Ausgesinn, perfekte Body, wëll, ganz vu sech iwwerzeegt, elo och Schauspiller ginn.

D’Sabrina besuergt deenen zwee Männer eng Auditioun fir eng Haaptroll u senger Säit. De “Gewënner“ geet mat him fir eng Rei Méint op Tournée. Well d’Sabrina den Joe unhimmelt, an de Regisseur him aus der Hand ze friesse schéngt, gesäit de Max fir sech keng Chance. Oder dach?

Episod 10: "Den Här Scholtes - De Finanzbeamten"
Dësen Episod ass net méi disponibel. All Episod ass just nëmme fir 15 Deeg am Replay ze kucken.

Episod 9: "VALERIE - D'Schwéiermamm"
Dësen Episod ass net méi disponibel. All Episod ass just nëmme fir 15 Deeg am Replay ze kucken.

Episod 8: "CARL - De Regisseur"
Dësen Episod ass net méi disponibel. All Episod ass just nëmme fir 15 Deeg am Replay ze kucken.

Episod 7: "CHARLOTTE - An den Zakar"

Dësen Episod ass net méi disponibel. All Episod ass just nëmme fir 15 Deeg am Replay ze kucken.

Episod 6: "YVES - De Pompjee"

Dësen Episod ass net méi disponibel. All Episod ass just nëmme fir 15 Deeg am Replay ze kucken.

Episod 5: JENNY - D'Dänzerin

Dësen Episod ass net méi disponibel. All Episod ass just nëmme fir 15 Deeg am Replay ze kucken.

Episod 4: GABRIELA - Mme. De Kommissär

Dësen Episod ass net méi disponibel. All Episod ass just nëmme fir 15 Deeg am Replay ze kucken.


Episod 3: PAUL - Mama Mia

Dësen Episod ass net méi disponibel. All Episod ass just nëmme fir 15 Deeg am Replay ze kucken.


Episod 2: PHILIPPE - Den Docter

Dësen Episod ass net méi disponibel. All Episod ass just nëmme fir 15 Deeg am Replay ze kucken.


Episod 1: HENRI - De Psychiater

Dësen Episod ass net méi disponibel. All Episod ass just nëmme fir 15 Deeg am Replay ze kucken.