Emissiounen
An der Vakanz de Lux(e) maachen 4 Promien den Tour duerch Lëtzebuerg , vun Nord ob Süd ; vun Ost ob West, wou se sëllechen Challengen mussen iwwerwannen. Et geet drëms hei am Land sportlech oder kulturell Attraktiounen an enger Competitioun ze testen fir ze beweisen dat et och hei zu Lëtzebuerg méiglech ass eng schéin an spannend Vakanz ze verbréngen. D’REEGELEN vu der Vakanz de lux(e) sinn einfach: Eng Kompetitioun, 4 Kandidaten. Dräi Epreuven am Dag, verspreet uechter dat ganzt Land. All Challenge gëtt bewäert. Kandidaten sammelen Punkten an den Gewënner huet Méiglechkeet 5000 Euro ze spenden , un eng Associatioun déi him wichteg ass, fir den Gudden Zweck
Dësen 9ten Abrëll war de Casting vun der neier Sitcom Weemseesdet am Utopolis. Dräi Rolle si gesicht ginn, d'Roll vum Laura Leineweber, vum Raùl Teixeira dos Santos an déi vum François Wampach. Eng sëlleche Leit hate sech fir de Casting ageschriwwen a goufen hirer Roll no gecast. Fotoe vum Casting: Fred Mousset








